Released on January 1, 2019

Thumbnail

[Hook]

Mir geet et gutt, ech hunn grad alles wat ech brauch

Hues de alles wat's de brauchs oder wat?

Mir geet et gutt, ech hunn grad alles wat ech brauch


[Part 1]

Wat wëlls de schwätzen? Wei du bass deen Beschten?

Hues keen Funk, Kand, bei dir kennt keen op seng Käschten

Mir denken all an Këschten, mee wëllen dat net wëssen

Kapp héich, wann ech heppen bis mäin Kapp fält an d'Këssen

All Dag fänkt nei un, du muss haut keen Fight hunn

Bekifften Typpen wëllen mech dissen obwuel se obvious keen Style hunn

Zäiten sinn schwéier, Präisser vun Béier ginn erop och

Iwwerall ass [?], alles gëtt méi séier

Dogéint bleiwen ech méi chill, einfach op Gefill

Well deen Fuck suckt op Dauer dach ze vill

Rappen erëm mäin Slang, fir deng ganz Crew, ech kommen ouni Gang

Wei beim Kendrick Lamar ass et DAMN

Se brauchen eng an d'Zänn fir dass se neier kréien

[?], mir egal et gëtt kal wann ech ronderëm d'Haiser zeien

Fakt ass meng Bars sinn zwar lues mee hunn Kraaft

An sou schécken ech dat, mat léif Gréiss un déi Leit aus menger Staat


[Hook]

Mir geet et gutt, ech hunn grad alles wat ech brauch

Hues de alles wat's de brauchs oder wat?

Mir geet et gutt, ech hunn grad alles wat ech brauch

Hues de alles wat's de brauchs oder soll ech zur Hëllef kommen

An dann hiewen mer eis Fauscht

Mir geet et gutt, ech hunn grad alles wat ech brauch

Hues de alles wat's de brauchs oder wat?


[Part 2]

Wat wëlls de soen? Wat muss dech ploen?

Dass de trotz Job an flottem Auto dech muss kloen?

Wat mécht dech fäerdeg? Du bass dach en haarden Kärel

Se wëllen dech schlecht schwätzen, well se gär een wären

Mee du stees doriwwer, danz op deng Lidder

Pass op op deng Leit an dass hinnen näischt geschitt man

Du gees ëmmer weider, well du weess et ass Neid

Deen sech staark duerch hiren Haass ausdréckt

Du sou méi gescheit a weess, gees se schécken wou den Peffer wiisst

Werf hinnen keng Leckerlis, hunn se gesinn an net gefillt

Dat sinn alles nëmmen Whack MCs

Sief relax, sich däin Squatt

Frei sinn am Kapp ass méi wäertvoll

Ginn zum Werwolf well d'ass Vollmound am Park

Weess de nach am Lycée? Stoned an der Klass

Mäin Shit leeft, Invitéen, se beweegen och den Kapp

Wann ech schwätzen ginn ech et zum beschten wei meng Beschten am Pub

Ech hat Bordell vill ze frei, mee ech kréien mech nach gerappt

Dat Liewen gëtt nach schéin, wiesselen d'Attitüd am Kapp

Bréngen iech een Originale Skibidi[?]

Dat ass den Wappendippendab


[Hook]

Mir geet et gutt, ech hunn grad alles wat ech brauch

Hues de alles wat's de brauchs oder wat?