Released on May 12, 2019

Thumbnail

[Intro]

Ech sot alles oder näischt, ey du kenns mech

Mee ‘t ass ok, ech si selwer Schold

Si soen Leed ass endlech

Mee Karma ass eng Bitch, et kennt wéi et soll


[Verse 1]

Ech weess net op ech dat geréiert kréi’n

Verbrénge Misär mat dem Béier ‘rëm

Et sinn Detailer, déi mech un eis zwee erënneren

Je tourne en rond, mee ech hunn Angscht well ech kréin d’Kéier net

Du has aner Pläng, dat koum onerwaart

Ech schreiwen Texter wéi e Vollidiot, stonnelaang

Just vir kloer ze komme, well et ass schonn e staarkt - Stéck

Ech duecht dat hei wär vir e Liewe laang

Mee ech hunn dir gesot: “Baby, ech kann net

Ech géing sou gären ouni dech, mee putain, j’galère

Ech pankéi’re e wéi e Bouf, hunn ech keng Manette

Di Zäit mat dir geet einfa net aus menger Cabez’

Hunn ech laang genuch gekämpft

Vläit si meng Wierder och ze kal

Mee ech hu laang genuch gedämpt

Vläit ass de Rank un dengem Fanger och ze al


[Hook]

Du hues mir meng Loft geholl, Baby

Se soen d’Péng vergeet eemol, mee wéini?

Du hues mir meng Loft geholl, Baby

Se soen d’Péng vergeet eemol, mee wéini?

So mer wéini, so mer wéini

So mer wéini, wéi- so mer wéini


[Verse 2]

Erdréckend ass di Péng, ech sinn net prett dofir

Erschreckend wéi se street - ewéi eng Metastas

De Kapp betäubt vum Vino bianco

Bëllege Fusel aus dem Tetrapack

Ech hu Feeler geschriwwen, duerno Bonny and Clyde

Mee putain Merde, wat eng Ironie

Ech hat alles wat ech wollt, mee et ni gepeilt

An haut ass ze spéit an du mäi Kryptonit

D’Mama huet gecheckt, datt eppes kromm hei leeft

Mäi Bléck ass eidel, mee egal soulaang de Rum nach heet

Ech well dech zréck, ech well endlech erëm Kloerheet

Mee ech gi futti, Merde, well ech ginn domat net eens

Ech well dech ganz, ech well däi Mann sinn

Alles oder näischt, Baby, all in

Ech hunn dech gär an do ka keen eppes dru änneren

A mengem Härz bis zum Batteren


[Hook]

Du hues mir meng Loft geholl, Baby

Se soen d’Péng vergeet eemol, mee wéini?

Du hues mir meng Loft geholl, Baby

Se soen d’Péng vergeet eemol, mee wéini?

So mer wéini, so mer wéini

So mer wéini, wéi- so mer wéini


[Bridge]

All Bléck, all Wuert, all Foto

Geet mer haut nach ënnert d’Haut ewéi en Tattoo

All Kuss, all Touch, all Otemzuch

Net ze vergiessen ass eng Qual a keen Atout


[Hook]

Du hues mir meng Loft geholl, Baby

Se soen d’Péng vergeet eemol, mee wéini?

Du hues mir meng Loft geholl, Baby

Se soen d’Péng vergeet eemol, mee wéini?

So mer wéini, so mer wéini

So mer wéini, wéi- so mer wéini