Released on March 19, 2018

Thumbnail

[Intro]

Kid, ma mi séier - stigmatiséiert

Mëttelfanger héich (héich) vir di Pharisäer

Ech maache wat ech well, héi’ren se rasten

Se so’n et passt net, an dass ech gär polariséieren

Ok cool, Mëttelfanger ouni kommentéieren

Ech well meng Rou, da kommen déi erëm

Schwätze vu bla a wëllen evaluéieren

[Verse 1]

Ech lafe ronderëm, treffe stänneg Leit

Salam Aleikum, aleikum salam

Wéi vill waren do an hunn eppes bedeit?

Mee et ginn der ëmmer manner - Reise nach Jerusalem

Ech war ni gutt an der Mathe

Mee hu geléiert an haut rechnen ech mat Géigewand

Hu provozéiert um Carré

Mee pissen am Beschten net méi géint de Wand

Loung méi wéi eemol op der Panz ewéi en Tollpatsch

Gouf opgehal, wei op der falscher Rolltrap

Wéi ech sinn, dat steet net am mengem Reespass

Ech verléi’re mech nach ëmmer ouni Kompass

Ech spillen mat, geheien Ueleg an d’Feier

Vir dass se gaffe kennen, wéi Kueben a Geier (ah ja)

Mee se bäissen sech d’Zänn aus

Buere, mee fannen ni alles, wéi bei de Maya, ah ja!

[Hook]

Se schreiwe gär meng Bio, mee kennen net mol 5 Prozent

Erfanne sech hir Infos, mee dono si se net kohärent

Ballere sech selwer an de Knéi mat hire Ligen

Huet dat en Afloss op mech? Dat kennt hei guer net a Fro

(Fake wou ech kucke, fake, fake wou ech higinn)

Dofir laache ech zefridden an hir domm Maul

Sinn iwwerflächlech iwwerflächlech

[Verse 2]

Ech si dee Gars deen dir däin Häerz brécht

A sinn och deen deen et zesummefléckt

Wees just net a wéi enger Reiefoll’g

Mee t’ass vergänglech, wann e Blumme pleckt

Baby du weess net wat a mir virgeet

Du hues guer kee Plang wat ech dir bidde kann

Komm da verpiss mat deem Viruerteel

Well du kucks just net richteg a mäi Spigel eran

An du sees ech wär wei d’Typpen all

Jo, ech sinn iwwerflächlech iwwerflächlech

Wann s du e Komma setz, dann hues du näischt gepeilt

Dofir so’n ech dir nach eemol, dass de dech verpisse kanns

An du sees ech wär wei d’Typpen all

Jo, ech sinn iwwerflächlech iwwerflächlech

Wann s du e Komma setz, dann hues du näischt gepeilt

Dofir so’n ech dir nach eemol, dass de dech verpisse kanns

[Hook]

Se schreiwe gär meng Bio, mee kennen net mol 5 Prozent

Erfanne sech hir Infos, mee dono si se net kohärent

Ballere sech selwer an de Knéi mat hire Ligen

Huet dat en Afloss op mech? Dat kennt hei guer net a Fro

(Fake wou ech kucke, fake, fake wou ech higinn)

Dofir laache ech zefridden an hir domm Maul

(Fake wou ech kucke, fake, fake wou ech higinn)

Sinn iwwerflächlech iwwerflächlech

[Bridge]